Wantervirbereedung vun der 1. Equipe ass um Lafen

Säit dem 4. Januar ass d’1. Equipe vum FC Victoria schonns mat der Virbereedung op d’Réckronn an der BGL Ligue amgaang, déi den 12. Februar mam wichtegen Heemmatch géint den direkte Konkurrent vu Woltz start. No engem schlechte Saisonstart huet eis Equipe sech zréckgekämpft an ass lo nees voll am Renne fir d’Klass ze halen.

An den zwee éischte Préparatiounsmatcher gouf et zwou Victoire géint d’Éierepromotiounsvertrieder Gréiwemaacher (4:0) a Medernach (5:2). Dëse Mëttwoch (25. Januar) steet fir den FC Victoria den Déplacement bei d’Fola um Programm, éier dann de Weekend de Wintercup vun der SG Sauertal zu Rolingen usteet. Am Aussscheedungsmatch e Samsdeg trëfft d’Equipe vum Trainer Martin Forkel um 13.00 Auer op de Leader vun der Rheinlandliga FC Hochwald Zerf. E Sonndeg heescht de Géigner dann entweder Eintracht Tréier oder RFCU Lëtzebuerg. Den Ustouss ass do entweder um 13.00 oder 15.30 Auer. De leschte Virbereedungsmatch spillt eis Equipe Sonndes, de 5. Februar um 15.00 Auer zu Rouspert géint Schëffleng (aktuellen Tabellenzweeten an der Éierepromotioun).

De Programm am Iwwerbléck:

Samsdeg 14/01/23: Gréiwemaacher – Rouspert 0:4
Samsdeg 21/01/23: Rouspert – Medernach 5:2
Mëttwoch 25/01/23: Fola – Rouspert 1:2
Samsdeg 28/01/23: Rouspert – Hochwald 4:5 n. Elfm.
Sonndeg 29/01/23: Rouspert – RFCU Lëtzebuerg 0:1
Sonndeg 05/02/23: Rouspert – Schëffleng 4:2