Skip to contentSkip to footer
FC Victoria Rosport

FC Victoria Rosport
FC Victoria Rosport

Umellen

Frederick Kyereh heescht den drëtte Neizougang

20th June 2025

Football Club Victoria Rosport a.s.b.l

Mam FREDERICK KYEREH vun der Etzella Ettelbréck huet den FC Victoria e weidere Neizougang fir déi nächst Saison verflicht.

Den 31-järegen Aussestiermer, dee fir déi Ettelbrécker a 54 Matcher 19 Goler an der Éierepromotioun markéiert huet, huet bis lo och schonns 128 Matcher an der BGL Ligue gespillt an dobäi 22 Goler markéiert, dëst am Trikot vun der Etzella, Jeunesse a Stroossen.

Weider Statioune vun him waren Energie Cottbus an d’SV Elversberg.

WELCOME FREDDY !!!

Fotograféiert vum FC Victoria Rosport

image