Skip to contentSkip to footer
FC Victoria Rosport

FC Victoria Rosport
FC Victoria Rosport

Umellen

Trainerstaff fir d'Saison 2026/2027 steet fest

2nd June 2026

Football Club Victoria Rosport a.s.b.l

Nodeems jo schonns méi laang bekannt war, dass den DEAN LÉEN ab der neier Spillzäit de Poste vum Cheftrainer iwwerhëlt, stinn och lo d’Nimm vu sengen Assistente fest.

Als Co-Trainer fungéiert de FILIPE CONSTANTINO. Den 28-Järegen war bis lo Trainer bei de Green Boys Harel-Ischpelt, mat denen hien des Saison den Opstig an d‘1. Divisioun gepackt huet.

Donieft ass mam JERRY BUCARI als Préparateur Physique e weidere neie Mann am Staff.

Weiderhi mat dobäi ass och de Keepertrainer MARKUS REUTER, den dëse Poste schonns säit 2008 bekleet.

Mir wënschen eisem Staff Bonne Chance an eng erfollegräich nei Saison !!!

FORZA VICTORIA !!!

Fotograféiert vum FC Victoria Rosport

image