Skip to contentSkip to footer
FC Victoria Rosport

FC Victoria Rosport
FC Victoria Rosport

Umellen

FC Victoria steet am nächsten Tour vun der Coupe

21st September 2026

Football Club Victoria Rosport a.s.b.l

Duerch eng 3:1-Victoire beim Éischtdivisionär Suessem steet den FC Victoria an der 1/16-Finall vun der Coupe de Luxembourg.

Et sollt allerdéngs bis zur 50.' daueren, bis eis Ekipp duerch e Selbstgol mat 1:0-Féierung goen.

Nom Ausgläich vun der Lokalformatioun huet den FC Victoria awer direkt eng Reaktioun weisen, an ass duerch den Alexis Gonçalves an der 58.' nees a Féierung gaang.

An der 86.' konnt de Joe Neves mam 3:1 de Sack definitiv zoumaachen.

Den nächsten Tour, wou den 8. November ausgedroe gëtt, gëtt e Mëttwoch um 12.30 Auer ausgeloust.

FORZA VICTORIA !!!

image